top of page

Eng nei Zäit

Updated: Apr 19, 2018

Réalisateur : Christophe Wagner

Scénario : Viviane Thill et Christophe Wagner

Image : Jako Raybaut



De Film spillt direkt nom 2. Weltkrich a gedréint gouf virun allem am Norde vum Land. Filmer iwwert den 2. Weltkrich ginn et der vill, awer ee Sujet, dee weder zu Lëtzebuerg nach am Ausland dacks traitéiert gouf, ass déi sougenannten Nokrichszäit. De Spillfilm „Eng nei Zäit“ vum Christophe Wagner, de Regisseur vum erfollegräiche Long-Metrage „Doudege Wénkel“, beschäftegt sech mat genee dësem Iwwergangsmoment an der Lëtzebuerger Geschicht a werft eng Partie interessant Froen op.

Haaptpersonnage am Film ass de Jules Ternes, gespillt vum Luc Schiltz. Et ass e jonke Lëtzebuerger, deen a Frankräich am Maquis matgekämpft huet a nom Krich a säin Duerf zeréckkënnt. De Jules ass frou fir nees doheem ze sinn an hofft, säin aalt Liewen nees esou weiderféieren ze kënne wéi virdrun. Séier mierkt hien awer, dass dat onméiglech ass ... D’ Situatioun a sengem Heemechtsland ass no 4 Joer Besatzungszäit onstabil an d’Gesellschaft dividéiert. Och a sengem direkten Ëmfeld hu sech vill Saache verännert. Seng deemoleg Frëndin Léonie ass mat engem neie Mann zesummen a säin ale Beruff kann en net méi ausüben: De Comptable, bei deem e fréier geschafft huet, e Judd, gouf deportéiert. Duerch säi Futur-Schwoer kënnt en an d'Gendarmerie, an do gëtt en an eng Enquête vun engem 5fache Mord verwéckelt.

D’Lëtzebuergesch-belsch Co-Produktioun baséiert op engem reellem Evenement aus dem Joer 1945, dem sougenannte Fall Bernardy, bei deem eng däitsch Bauerefamill bei Ettelbréck op hirem Haff ermuert gouf.

D’Zeenaristin Vivianne Thill huet sech fir dës Geschicht interesséiert an zesumme mam Christophe Wagner eng Fiktioun entwéckelt, déi wéi e Krimi opgebaut ass a gläichzäiteg den historesche Kontext aus där Zäit beliicht. De Film gëtt also mat Spannung verzielt, wéi beim Long-Metrage „Doudege Wénkel“ gëtt eng Enquête gefouert. An engems soll den Zuschauer en differenzéierten Abléck an déi onroueg a komplizéiert Lëtzebuerger Nokrichszäit kréien.

Dat mat enger schéiner Brochette vun Acteuren: Luc Schiltz, Eugénie Anselin, Fabienne Hollwege, André Jung, Jules Werner, Christian Kmiotek, Raoul Schlechter, Elsa Rauchs, Jean-Paul Raths, Frédéric Frenay a Jean-Paul Maes.

De Budget vun der Lëtzebuergesch-belsch Co-Produktioun „Eng nei Zäit“ beleeft sech op 3,5 Milliounen Euro. Et ass déi éischte Kéier, dass bei engem Film deen op Lëtzebuergesch gedréint gëtt, auslännescht Kapital mat dran ass. Dowéinst gëtt de Film och op Franséisch doubléiert, fir dem Film eng Chance a franséischsproochege Länner ze ginn.



bottom of page